Ech sinn dipolmeierten Hondsverhalensberoden vun der ATN a sinn mam Studium vun der Kazepsychologie an Kazeverhalensberodung amgangen.
Ech hellefen Iech bei:
VERHALENSPROBLEMER VU MUPP A KAZ
Huet äre Mupp oder Kaz oder Kaz, Verhalensproblemer, ewéi Aggressivitéit oder Ängstlechkeet, Harnmarkéieren, kënnt der gäre Kontakt mat der Schnuffenhellef ophuelen.
No engem kompletten Éischtgespréich (Anamnese) mat Iech zesummen, entwéckele mer eng passend Therapie fir Iech an äert Hausdéier.
Ech bidden och Eenzelstonne fir Muppen hunn, an deemno ewéi si Social Walks, also Léierspadséiergänger fir de Hond sënnvoll.
Alternativ Verhalensberodung fir Hond a Kaz Berodung bei Problemer:
Vertrauensopbautraining:
Hond a Kaz All Bezéiung mat Hond a Kaz soll op eng Vertrauensbasis opgebaut sinn.
Vill Verhalensproblemer bestinn aus Mëssverständnesser tëschent Mënsch an hiren Hausdéier.
Harnverhale bei der Kaz ass ee Paradebeispill derfir, awer och engem ängschtlechem Mupp kann ee vill hëllefen andeem Vertrauen opgebaut gëtt.
Mat de Muppen organiséiere mer och Léierespadséiergäng, wou mer ob Bedürfnisser vun hinnen aginn.
Bei de Kaze si Beschäftegungsspiller ganz wäertvoll ewéi zum Beispill:
- Clickertraining
- Fummelbrieder
- Fudder verstoppen asw.
Social Walks
Muppenverhalen Sozialwalks
Léierspadséiergank op Wonsch.
Mir bauen den Training mat déier eng oder anerer Übung esou gudd ewéi et geet ob dei participeierent Muppen ob (Max: 6 Muppen)
Weini: Donneschdes, ggf. Samsdes oder Sonndes Dauer: ong. 1 Stonn
ob verschiddene Plaze ewei zum Beispill:
Ettelbreck/Däichhaal, Miersch/Park, Reiden/Cactus, Stengefort/Park.
Diekirch/Gare
Nächst Terminer:
Donneschdes 2.Juli 16.00 Miersch/Park
Donneschdes 9.Juli 16.00 Ettelbruck/Däichhal
Donneschdes 16.Juli 16.00 Miersch/Park n
Donneschdes 23.Juli 16.00 Dikirch/Gare
Participatioun: 15 Euro
Umellung iwwert kemppas@pt.lu
Facebook/Schnuffenhellef oder 621134008
Eenezlestonnen sinn och méiglech.