Diese Seite teilen

BONJOUR ALLEGUERTEN

Schnuffenhellef freet sech Iech hëllefen ze dierfen.

Guckt ob der säit  Ernierung do ass meng nei Serie iwwert Ernierung beim Fuddermëttelallergien beim Hond.

Schnuffehellef ass de Pascal, een zertifiizeierte Deierenheelpraktiker vun der ATM , zertifizeierten Honds a Kazeverhalensberoder vun der ATN deen vum Joelle wat och an der Physio an der Tierheilpraktierausbildung ass seit August 2021 ennerstetzt .

2021 hunn ech mei Kazeverhalensberoderofschloss bei der ATN mat Erfolleg ofgeschloss, well ech vu ville Leit an deem Beräich gefrot ginn.

Ech sinn och frou mech ob VTCM, do virun allem ob Akupunktur an dei chinesesch Kraider spezialiseiert hunn, wou ech des Joer och meng zwee Zertificater krut.

Och hun ech mech 2021 speziell ob Hautkrankheeten bei Hond Kaz a Paerd spezialiseiert, well dat dach ee ganz grousse Problem bei eisen Hausdeieren ass.

Ech kommen bei Iech heem, oder mir können uns an der Praxis vum Dr. El Khoury Rawad mat deem ech zesumme schaffen zou Boufferdeng gesinn.

Gäre kënnt dir mir uruffen um

621134008 

oder eng mail  schecken iwwert: 

Hellef@schnuffenhellef.lu

 

Lasertherapie, Akupunktur (Laser,Tradionnel, Liicht, Pressur), Chinesesch Kräider

Lasertherapie:

Des Aart vun der Lasertherapie ass net invasiv an absolut schmäerzfräi. D'Stralen dréngen déif an d'Geweebe an a stimuléieren déi biologesch Grondfunktiounen. Des huet ee positiven Effekt op Schmäerzer, Entzündungen a Wonnen. Low Lasertherapie stimuléiert physiologesch Prozesser op Zellniveau a reegt biologescht Prozesser duerch Liicht.

D'Wonnheelung gëtt duerch eng däitlech Verbesserung vun der Geweeberegeneratioun no Verletzungen an Operatiounen ugereegt. Duerch déi verbessert Sauerstoffversuergung vum behandeltem Areal gi Schlackstoffer oftransportéiert bei gläichzäitegem Ofbau vu Schwellungen. D'Lasertherapie eegent sich besonnesch bei der Behandlung vun: Bësswonnen a Verletzungen Gelenkschmierzen

Fir d'Regeneratioun vu Bänner a Seeneverletzungen Ottitis Wonnheelstäierungen Mastitis Verbrennungen Stomatitis Gingivitis an Aphthen Bursitis (Entzündung vun de Schläimbäidel) Arthritis, Arthrose a rheumatoide Krankheeten

Déierenakupunktur

Déierenakupunktur wierkt virun allem bei eelere Déieren, fir d'Ënnerstëtzung vun hirer Mobilitéit. Beim Päerd ass se och ganz gutt wierksam bei Krankheete vum Ootmunsapparat. Bei allen Déiere loossen sech Krankheete vum Verdauungsapparat a vun de Harnweeër souwéi och vu verschiddenen Aenerkrankunge gënschteg beaflossen.

Chinesesch Kraidertherapie

Kraidertherapie gëtt jee vun der Krankheet am Déier mat abezunn. Kraidertherapie kann ee ganz gutt bei den Déiere benotzen. Zesumme mat hirem Fudder, friessen Hënn, Kazen a Päerd, d'Kraider mat engem siichtbaren Appetit.

NEIEGKEETEN 2023: 

Weiderbildungen sinn extrem wichteg. 

Ech hunn un enger  heller Wull Webinare ze participéiert. 

Verhalen a Gesondheet gehéiert natierlech zesummen, wollt awer probéieren déi zwou Saachen elo bësselchen méi getrennt unzebidden, obwuel dat eent mat deem aneren ëmmer kann iergendweich zesummenhänken.

Natierlech kann déi och keng Wonner vollbréngen, mä ënnerstëtzend ass et fir Gesondheet vun ären Déieren ganz sënnvoll.

SCHNUFFENVERHALEN A SCHNUFFENGESONDHEET:

Rechtlech Hiweise:

Eis Virschläi ersetze keng Veterinärsconsultatioun, just een agréeierte Vetrinär dierf een acte veterinaire ausféieren. Acte vétérinaire » : toute intervention matérielle et intellectuelle qui a pour objectif de diagnostiquer, traiter ou prévenir les maladies mentales ou physiques, les blessures, la douleur ou les malformations d’un animal, ou bien de déterminer l’état de santé et de bien-être d’un animal ou d’un groupe d’animaux, et notamment son statut physiologique, et qui comprend la prescription de médicaments vétérinaires ; toute intervention qui cause, ou peut potentiellement causer de la douleur ; toute intervention invasive; toute intervention vétérinaire dont l’activité est liée à la chaîne alimentaire ou animale et qui est susceptible d’affecter la santé publique ; la certification vétérinaire en rapport avec tous les critères cités précédemment

Proposéiert Servicer fir all  Déieren   (Mupp, Kaz, Päerd, Nager, Notzdéieren asw.)

Bioresonanztherapie: Ongläichgewiicht vum Déier erkennen an erëm an Gläichgewiicht bréngen 

Ostepathie a Kraniosakral Therapie: Osteo a Kraniosakraltherapie  machen ech bei Hond a Kaz hun do mein Diplom bei der Dift gemach fir Hond a Kaz an Kraniosakral beim Tina Doxtader, fir Päerd, hond a Kaz.

Akupunktur

Laser Therapie

Kal Plasma Therapie: Uwennunge bei: Bëssverletzungen, Ekzemer/Hot Spot, Spondylose, Entzündung, Muskelentspanung, Schwellungen, Neuropatesch Schmierzen, Wonnen, Verätzungen/Verbrennungen, Krallebettentzündunge,  Speicheldrüsenentzündung

Phytotherapie a Mykotherapie: Kraiderheelkond  beschäftegt sech mat der Préventioun an der Behandlung vu Krankheeten. 

Faarfliichttherapie:  Faarfliichttherapie ass bekannt derfir, bei der Heelung vu kierperlecher a psychescher Erkrankungen ze hëllefen.

Bluddegeltherapie:  Bluddegele gi bei den Déiere fir  bei Schwellungen, Entzündungen, Gelenkerkrankungen (Dysplasien), Phlegmone, Bandscheifenvirfall, Kissing Spines asw. a beim Päerd kënnen se fir Houfrehe , Spat, Schuel, Summerekzem asw. agesat ginn. 

Homeopathie: Homeopathie ass eng Reiz a Regulatiounstherapie

Bachbléie a Schüsslersalze Berodung:  Bachbléien a Schüsslersalze Berodung: Bachbléie sinn hëllefräich bei Stressproblemer, a Schüsslersalze kënne gutt bei Gelenksproblemer agesat ginn. 

Kazeverhalenstherapie   ( Harnverhalen, Aggressioun, Angschtverhalen, Fokaliséieren asw.) 

Muppeverhalenstherapie  ( Harnverhalen, iwwerméisseg Billen, Angschtverhalen, Aggressioun, asw.) 

Muppenernierungsberodung: (Individuell erstallte Ernierungspläng fir Mupp, Fudderberodung)

Stierfbegleedung vun Déieren:  Hëllefen Iech iwwert déi schwéier Zäit ewech ze kommen.

Ech sinn Member vum FNT ( Fachverband niedergelasseneer Tierheilpraktiker).

 

 

 

.