Proposéiert Servicer:

Bioresonanztherapie: Ongläichgewiicht vum Déier erkennen an erëm an Gläichgewiicht bréngen

Kal Plasma Therapie: Uwennunge bei: Bëssverletzungen, Ekzemer/Hot Spot, Spondylose, Entzündung, Muskelentspanung, Schwellungen, Neuropatesch Schmierzen, Wonnen, Verätzungen/Verbrennungen, Krallebettentzündunge, Speicheldrüsenentzündung

Lasertherapie: Des Aart vun der Lasertherapie ass net invasiv an absolut schmäerzfräi. D'Stralen dréngen déif an d'Geweebe an a stimuléieren déi biologesch Grondfunktiounen. Des huet ee positiven Effekt op Schmäerzer, Entzündungen a Wonnen.

Phytotherapie a Mykotherapie: Kraiderheelkond beschäftegt sech mat der Préventioun an der Behandlung vu Krankheeten.

Faarfliichttherapie: Faarfliichttherapie ass bekannt derfir, bei der Heelung vu kierperlecher a psychescher Erkrankungen ze hëllefen.

Bluddegeltherapie: Bluddegele gi bei den Déiere fir bei Schwellungen, Entzündungen, Gelenkerkrankungen (Dysplasien), Phlegmone, Bandscheifenvirfall, Kissing Spines asw. a beim Päerd kënnen se fir Houfrehe , Spat, Schuel, Summerekzem asw. agesat ginn.

Homeopathie: Homeopathie ass eng Reiz a Regulatiounstherapie

Bachbléie a Schüsslersalze Berodung: Bachbléien a Schüsslersalze Berodung: Bachbléie sinn hëllefräich bei Stressproblemer, a Schüsslersalze kënne gutt bei Gelenksproblemer agesat ginn.

Kazeverhalenstherapie: ( Harnverhalen, Aggressioun, Angschtverhalen, Fokaliséieren asw.)

Muppeverhalenstherapie: ( Harnverhalen, iwwerméisseg Billen, Angschtverhalen, Aggressioun, asw.)

Muppenernierungsberodung: (Individuell erstallte Ernierungspläng fir Mupp, Fudderberodung)

Stierfbegleedung vun Déieren: Hëllefen Iech iwwert déi schwéier Zäit ewech ze kommen.

Déierenakupunktur:Déierenakupunktur wierkt virun allem bei eelere Déieren, fir d'Ënnerstëtzung vun hirer Mobilitéit. Beim Päerd ass se och ganz gutt wierksam bei Krankheete vum Ootmunsapparat. Bei allen Déiere loossen sech Krankheete vum Verdauungsapparat a vun de Harnweeër souwéi och vu verschiddenen Aenerkrankunge gënschteg beaflossen.

Chinesesch Kraidertherapie: Kraidertherapie gëtt jee vun der Krankheet am Déier mat abezunn. Kraidertherapie kann ee ganz gutt bei den Déiere benotzen. Zesumme mat hirem Fudder, friessen Hënn, Kazen a Päerd, d'Kraider mat engem siichtbaren Appetit.

Ech sinn Member vum FNT ( Fachverband niedergelasseneer Tierheilpraktiker).

Ech kommen bei Iech heem, oder mir können uns an der Praxis vum Dr. El Khoury Rawad mat deem ech zesumme schaffen zou Boufferdeng gesinn.

Diese Seite teilen