Merci un Participanten , 2020 ginn mei esou Saachen organiseiert.

SCHNUFFENHELLEFSEMINAR: SILVESTER A GERÄISCHANGSCHT BEI EISE MUPPEN

EWÉI KANN ECH MENGEM MUPP HËLLEFEN ?

Samschdes den 7. Dezember war  vun 9 -12 ee Virtrag, ewéi Dir ärem Hond hëllefen kënnt mat manner Stress , d Silvester ze iwwerstoen a wat dir soss géint Geräischaarmt maachen kënnt.

WOU? An der Praxis vun der Praxis veterinär, les cerisiers, Dr. El Khoury Rawad zou Bofferdeng/Luerenzweiler .

PUNKTE DÉI MER BEHANDELT HUNN :

Ewéi kënnt d 'Angscht an de Kap?

Wou gëtt se gespäichert?

Léisst si sech läschen?

Wat sinn déi typesch Angschtausléiser fir Silvesterangscht?

Ewéi kann ech mat mengem Mupp trainéieren?

Wat ginn et fir Méiglechkeeten?

Management - ewéi kann ech déi Deeg virun Silvester mengem Hond hëllefen?

Wat soll ech am beschte net maachen ?

Ewéi eng Roll spillt Stëmmungsiwwerdroung tëschent Mënsch a Mupp?

Grad am Dezember , zemools em Silvester ass oft eng stresseg Zäit fir d Mënschen.

Ewéi kann ech mengem Hond mat Nahrungsergänzungen, Tabletten an natierlechen Behandlungsmethoden hëllefen?

Diese Seite teilen